Fit For Life - e Programm fir Jugendhaiser

D’Asbl Jonk Entrepreneuren Luxembourg proposéiert säit 14 Joer een interaktive Cours fir Jugendlecher tëscht 14 a 16 Joer, wou dës een éischten Abléck an d’Thematik vu perséinleche Finanzen (Budget, Steieren, Cotisations sociales, Verscholdung, Assurancen, etc.) kréien, éier si sech mat engem Volontaire aus der Beruffswelt méi konkret Gedanken iwwer hier eege berufflech Méiglechkeete maachen. Alternativ kënnen dës Sessiounen och mat engem Workshop zum Thema nohalteg Finanzen ofgeschloss ginn.

Ganz nei ass dëst Joer, dass de Programm Fit For Life ausserhalb vum klassesche Schoulwiesen ugebuede gëtt. D'Jugendhaiser sinn opgeruff, sech mat JEL a Kontakt ze setzen, domat och si dësen Atelier bei sech proposéiere kënnen. Dat Ganzt ass gratis a bitt sech an 3x 2 Stonnen un.

Interesséiert Jugendhaiser kënnen sech hei mellen:

Yves Wiltgen
Email: wiltgen@jel.lu
Tél.: 26 11 01 - 23

Weider Informatioune fannt dir um Depliant:

Précédent
Précédent

Häerzlech Wëllkomm op jugendstäerken.lu

Suivant
Suivant

Entdeckt eis Formatiounen