Wat ass e Jugendhaus?

Op fir alleguerten!

D’Jugendhaus ass en Treffpunkt an eng Plaz fir pedagogesch sënnvoll Fräizäitbeschäftegung. An all de Jugendhaiser ginn déi Jonk duerch qualifizéiert Personal encadréiert, wat eng gutt Betreiungs- a Projetsqualitéit assuréiert.

En agreablen, jugendgerechte Kader.

.

All Jugendhaus stellt de Jonke jugendgerecht Raimlechkeeten an Equipementer zur Verfügung. En internt Reglement assuréiert gutt Ofleef an eng agreabel Atmosphär.

Déi pedagogesch Relatioun - en zentraalt Element.

Dat Wichtegst am Jugendhaus ass d’Relatioun tëschent de Jugendaarbechter:innen an de Jonken. E vertrauensvolle Kontakt entwéckelt sech an der alldeeglecher Aarbecht, wéi och bei den Aktivitéiten a Projete vum Jugendhaus. Duerch de pedagogesche Lien kënnen déi Jonk an hiren Entwécklungsprozesser ënnerstëtzt ginn.

Handlungsfelder.

Déi pedagogesch Zilsetzungen sou wéi d'Prinzippien an d'Charakteristike vun der non-formaler Bildung sinn am nationale Rahmenplan verankert. Thematesch fannen d’Projeten an d’Aktivitéiten an de Jugendhaiser am Kader vu folgenden Handlungsfelder statt: Emotiounen a sozial Bezéiungen, Participatioun, Kommunikatioun, Kreativitéit, Gesondheet a Wuelbefannen sou wéi Ëmwelt.

Individuell Begleedung.

Jonker (wéi och Elteren) fannen am Jugendhaus kompetent Uspriechpartner fir vill Themen. D’Jugendaarbechter:innen hunn e pedagogeschen Optrag a kënnen a ville Situatiounen ënnerstëtzen oder eng Weidervermëttlung zu anere Jugend- a Fachservicer organiséieren.

Qualitéit vun der pedagogescher Aarbecht.

All Jugendhaus verfüügt iwwer e „Concept d’action général“ mat den Ziler fir déi pedagogesch Aarbecht. Zesumme mat de Jonke ginn op dëser Basis Projeten an Aktivitéiten ausgeschafft.

D’Aarbecht am Jugendhaus gëtt vum Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse qualitativ assuréiert a vun der jeeweileger Gemeng ënnerstëtzt.

Fannt hei e Jugendhaus an ärer Géigend: