De 17. Mee ass all Joer den International Day Against Homophobia, Biphobia and Transphobia, kuerz IDAHO(BI)T. Fir 2022 hunn sech den Daachverband vun de Lëtzebuerger Jugendstrukturen (DLJ) an de Centre LGBTIQ+ Cigale e Konzept iwwerluecht, fir den Dag zesumme mat de Jugendhaiser ze feieren.
D’Iddi ass, dass d’Jugendhaiser de 17. Mee 2022 mat hire Jonken Aktioune ronderëm d’Thema Homo-, Bi- an Transphobie maachen, fir déi Jonk an och de Grand Public ze sensibiliséieren.