Social Boys - Relance 2023

Fir wien ass dëse Projet?
Jonker tëscht 14 an 18 Joer (prioritär Jongen, awer jiddereen dierf deelhuelen)

Wat soll gemaach ginn?
De Jonke kritt d’Méiglechkeet an den Erzéierberuff ranzeschnupperen, dëst duerch ee Benevolat an enger Maison Relais, Crèche, Foyer Scolaire oder soss enger Ariichtung (falls de Jonken sech dat esou wënscht)

Wéi laang dauert et?
3-6 Méint

Wéi oft?
1-2 mol d’Woch fir +-2 Stonnen (no der Schoul)

Wat ass meng Aufgab als Mentor:in?
De Jonken am Prozess begleeden, mat him zesummen eng passend Ariichtung sichen an den éischte Kontakt hierstellen. Soubal dir ee Jonken hutt wennt Iech w.e.g. un den infoMann, si koordinéieren de Projet.

Wien kann ech froe fir Ënnerstëtzung ze kréien?
Den Alex Carneiro oder d’Silke Hülpes vum infoMann (Mail: pedagogik@infomann.lu oder Tel.: 274965)

Gëtt et ee Benevolatskontrakt?
Jo, gëtt et. Den ass fir dëse Projet well erstallt a gëtt Iech zur Verfügung gestallt soubal dir ee Jonken hutt den um Projet deelhuele wëll.