Wat ass Outreach Youth Work?

Eng Ulafstell fir Jonker déi Ënnerstëtzung brauchen.

Outreach Youth Work riicht sech an éischter Linn u Jugendlecher a jonk Erwuessener tëscht 16 a 26 Joer, déi sech ausserhalb vum Bildungssystem respektiv dem Aarbechtsmaart befannen, an op Grond vu feelender Motivatioun oder feelende Ressourcen op eng besonnesch Ënnerstëtzung ugewise sinn.

Opsichend Jugendaarbecht.

.

D'Zil vum Outreach Youth Work ass et, dës jonk Leit opzesichen, eng Relatioun mat hinnen opzebauen an hinnen déi Form vu Betreiung an Ënnerstëtzung unzebidden, déi si brauchen.

D’Zil ass et, Jonker ze stäerken, a mat hinnen un hirer Motivatioun, hirem Selbstvertrauen an hirer Handlungsfäegkeet ze schaffe – sou datt si de Courage fannen, hiert eegent Liewen aktiv ze gestalten.

Outreach Youth Work steet fir opsichend Jugendaarbecht - d’Mataarbechter:inne vum Outreach Youth Work waarden net drop, datt déi Jonk vum selwe kommen, mee d’Outreacher:innen halen sech op deene Plazen op, wou och déi Jonk unzetreffe sinn. Duerch eng aktiv a reegelméisseg Presenz am ëffentleche Raum vun der Gemeng schafen si perséinlech Bindungen an eng Vertrauensbasis fir déi weider Begleedung vun de Jonken.

Déi pedagogesch Relatioun: en zentraalt Element.

Opsichend Jugendaarbecht, Fräiwëllegkeet, Disponibilitéit a Ganzheetlechkeet sinn zentral Charakteristiken, déi den Outreach Youth Work ausmaachen. D’Mataarbechter:inne vum Outreach Youth Work hunn ganz ënnerschiddlech Aufgaben a Rollen ze erfëlle – si sinn net nëmme Jugendaarbechter:innen, mee och Motivateuren, Netzwierker, Case Manager, Begleeder, Coordinateuren, Vermëttler, a Vertrauens- a Kontaktpersounen.

Hei fannt dir den Outreach Youth Work an ärer Géigend:

Dokumenter.

  • Abschlussbericht: Internationale Konferenz - Aufsuchende Jugendarbeit

  • OYW - Exemple de modèle (FR)

  • OYW - Beispielmodell (DE)

  • OYW Example model (EN)

  • Guide Outreach Youth Work (DE)

  • Auswertung der Projektdatenbank (DE)

  • Abschlussbericht der externen Evaluation eines Pilotprojektes in Luxemburg

  • Herausforderungen, Wirkungen und Impulse des Pilotprojektes "Outreach Youth Work - Maisons des Jeunes"

  • Bericht: Internationaler Austausch über Jugendarbeit mit Jugendlichen in NEET-Situation