Retour à tous les événements

Medienkonsum & allgemeines Konsumverhalten

Smartphone, Tablet & Co spillen am Alldag eng wichteg Roll, net nëmme bei eis Erwuessenen, mee och bei de Jonken. Doraus ergëtt sech fir Jugendaarbechter:innen ëmmer erëm d’Fro, wéi se jonk Mënsche beschtméiglechst ënnerstëtze kënnen, fir verantwortungsvoll a selbstbestëmmt mat dëse Medien ëmzegoen. Dir sidd Jugendaarbechter:in a wënscht Iech en Austausch iwwert d’Theme „Mediekonsum an allgemengt Konsumverhale bei Jonken“? Da schléisst Iech eiser Gruppendiskussioun un! Den Austausch steet ënnert dem Motto „Werkzeugkoffer Medienmündigkeit“. Zil ass et konkret Iddien ze kréien, fir déi Jonk, an dëser vu Konsum a Medie staark gepräägter Gesellschaft, beschtméiglechst ze begleeden.

Wéini? 06.10.2022 vun 10:00 - 14:00

Wou? CNAPA - 99, rue Andethana L-6970 Hostert

Suivant
Suivant
30 novembre

Ressources Humaines a Comptabilitéit an enger Jugendstruktur