Retour à tous les événements

Ëffentlechkeetsaarbecht an de Jugendstrukturen

Wéi gesäit eng erfollegräich Ëffentlechkeetsaarbecht aus? A wien soll sech eigentlech drëms këmmeren?

All Kéier wann eng Jugendstruktur Kontakt no baussen huet, mécht se automatesch och Ëffentlechkeetsaarbecht. All extern Kommunikatioun ass also och ëmmer eng Form vun Ëffentlechkeetsaarbecht!

D’Ëffentlechkeetsaarbecht ass net nëmmen do, fir d’Offer an d’Aarbecht vun de Jugendstrukturen no baussen duerzestellen, mee si ass och wichteg, fir d’Wäerter vun der Jugendaarbecht ze vermëttelen, a fir Lobbyaarbecht am Hibléck op d’Besoinen an d’Interessie vun Jonken ze leeschten.

An dëser Formatioun ginn engersäits d’Grondlage vun der Ëffentlechkeetsaarbecht, sou wéi den Ëmgang mat den zentralen Zilgruppe beliicht.

Iwwerdeems léieren d’Participanten ënnerschiddlech Outilen, Programmer an Instrumenter kennen, fir hir Kommunikatioun no baussen ze verbesseren:

Sozial Medien eegnen sech ganz gutt dofir - Wa se dann à jour sinn, d’Messagë gutt eriwwer kommen a kloer sinn.

Flyeren an Infoen op Pabeiere sollten och esou gestalt sinn, datt se attraktiv sinn an Interessi bewierken, feelerfräi sinn an och kee Roman, soss fléien se direkt an d’Poubelle.

Dës Formatioun soll iech dobäi hëllefen, no baussen an no bannen interessant eriwwer ze kommen an iech flott duerzestelle mat Ureegungen a verschiddene Reegele fir d’Mises à jour.

Wéini? 16.05.2023 vun 10:00 - 14:00

Wou? DLJ - 87, route de Thionville L-2611 Luxembourg

Précédent
Précédent
15 mars

Pädagogik des sicheren Ortes: Haltung zeigen – Grenzen setzen – Sicherheit geben

Suivant
Suivant
6 juillet

Hëllef Chamberwalen! Jonker informéieren a motivéieren