IDAHOBIT Schëffleng
Am Kader vum International Day Against Homophobia, Biphobia an Transphobia invitéiert Iech d’Gemeng Schëffleng zesummen mam Schëfflenger Jugendhaus den 17. Mee ab 16.00 Auer op Fräiheetsplaz virun der Gemeng.
Op dësem Dag ginn op der ganzer Welt Eventer organiséiert déi op d’Gewalt, d’Diskriminéierung an d’Ënnerdréckung géigeniwwer der LGBTQIA+- Community opmierksam maache sollen. Och Schëffleng wëll en Zeeche géint Diskriminatioun setzen an organiséiert déi drëtt Editioun vun dësem Sensibilisatiounsevent am Kader vum IDAHOBIT. Hei hutt dir d’Chance un engem kreativen Atelier Deel ze huelen an Erfarungsberichter vu betraffene Persounen ze héieren. Bei verschiddenen Stänn kënnt dir Iech weider iwwer dës Thematik informéieren an och erëm beim Kleedertausch vum Schëfflenger Jugendhaus mat maachen.