Éischt-Hëllefs-Cours psychesch Gesondheet - YOUTH
Léif Jugendaarbechter:innen,
den DLJ freet sech, iech zesumme mat der Ligue Luxembourgeoise d'Hygiène Mentale a.s.b.l. dësen Hierscht am Kader vun de Semaines de la santé mentale een Éischt-Hëllefs-Cours an der psychescher Gesondheet mat Jonken (14 Stonnen) ubidden ze kënnen.
Wann dir interesséiert sidd, da biede mir iech, eis är Disponibilitéite bis den 12. Abrëll an eisem Formulaire ze nennen. Sou bal den Datum feststeet, gitt dir informéiert a kritt och d'Méiglechkeet iech offiziell unzemellen.
Bei weidere Froe kënnt dir eis gäre kontaktéieren: kommunikatioun@dlj.lu