Workshop: Gemengewalen - Wéini? Wien? Wisou?

Léif Memberen vum DLJ,

Léif Jugendaarbechter:innen a Benevoller,

mir hoffen dir hutt d'Joer 2023 gutt ugefaangen an datt dës Joer erëm déi gewinnte Normalitéit mat sech bréngt. Normal wäert et awer sécher net bleiwen, well mir elo an engem Superwaljoer sinn! Keng Suerg, och heifir si mir virbereet an och dir kënnt iech dorop astëmmen.

Heimat luede mir iech häerzlech op eng Formatioun vum Jugendrot an Zesummenaarbecht mam DLJ an CEFIS.lu am Februar an, an zwar zum Thema: Gemengewalen - Wéini? Wien? Wisou? Gitt Multiplicateur a motivéiert/sensibiliséiert Anerer fir bei de nächste Gemengewale matzemaachen.

De CEFIS huet seng Formatioun extra ugepasst a bitt op folgenden Deeg un:

  • Samsdeg, den 18.02.2023 vun 10h00 bis 15h00  @Maison de la Jeunesse, 87, route de Thionville L-2611 Luxembourg

    Umeldung via Formulaire: jugendrot.lu/elections2023

  • Samsdeg, de 04.02.2023 vun 10h00 bis 15h00  @Maison de la Jeunesse, 87, route de Thionville L-2611 Luxembourg
    (n.b: Dëse RdV ass an éischter Linn fir d'Memberorganisatioune vum Jugendrot an hir Membere reservéiert, mee Ausnamen si natierlech méiglech, z.B. wann den Datum vum 18.02. iech net geet. Jiddereen ass wëllkomm!)

    Umeldung via Formulaire: jugendrot.lu/elections23

Gratis Formatioun, en présentiel inkl. Mëttegpaus mat Iessen.
Sproochen: Franséisch an/oder Lëtzebuergesch (d'Formateure passen sech deementspriechend un)

Mellt iech a weider Interessente w.e.g. online per Formulaire un, do fannt dir och weider Informatiounen zum Inhalt.

D’Plazen si limitéiert, first come, first served :)

Froen? >>> secretariat@jugendrot.lu

Merci a bescht Gréiss

Précédent
Précédent

Social Boys - Relance 2023

Suivant
Suivant

Futsal-Turnéier - Jugendhaus Diddeleng